
Neo
dem Jenna säi BrudderDen Neo erkenns du vu wäitem u sengem bloe Pullover mat der Gaming Manette. Hien an d'Jenna si Geschwëster, an d'Babsy ass hiren Hond.





Kuerz Trickfilmer fir Kanner vun 2 bis 8 Joer. Den Neo, d'Jenna, d'Mimi, de Fonsi an hire klenge Westie Babsy maachen aus alldeegleche Saache wéi Zänn botzen, Hänn wäschen a Geméis iessen e lëschtegt Abenteuer.
Tipp op e Gesiicht a so Moien!

Den Neo erkenns du vu wäitem u sengem bloe Pullover mat der Gaming Manette. Hien an d'Jenna si Geschwëster, an d'Babsy ass hiren Hond.

D'Jenna huet laang blond Hoer an e lila Pullover mat engem grousse giele Stär. Hatt ass ëmmer gutt gelaunt a mécht bei all Abenteuer mat.

D'Babsy ass e klenge wäisse West Highland Terrier mat engem rouden Halsband. Wou d'Babsy hikënnt, gëtt et e bësse Chaos an ëmmer vill ze laachen.

D'Mimi huet rosa Hoergummien an eng Jeans-Salopette mat engem Häerz. Hatt ass eng gutt Frëndin vun der ganzer Crew a laacht gär.

De Fonsi huet rout Krollen, gréng Aen an eng grouss Brëll. Hien huet e grénge Pullover mat enger Rakéit un, an ouni säi Rucksak geet hien néierens hin. Hien ass en Erfinder vu coolen Apparater.
Kuck den Trailer an déi éischt Folleg direkt hei.
All Samschden eng nei Folleg.
De Video gëtt eréischt vu YouTube gelueden, wann s de op Play drécks.